Wat Scouten aus aller Welt maachen an Zäiten vum COVID-19

Moien léif Guiden a Scouten,

Zënter dem Ausbrieche vum Coronavirus, a seng séier Verbreedung iwwer d’Welt, goufe weltwäit Mesuren vu soziale Distanzen ëmgesat. Dës Sécherheetsreegelen hunn och d’Scoutaktivitéite betraff: keng physesch Reunioune, Reesen an Outdooraktivitéite musse reportéiert oder ofgesot ginn. Awer den Scoutissmus hält ni op! Vill Scouts Verbänn plënneren hir Versammlungen op Online Plattformen fir hir Memberen duerch ganz Europa z’ënnerstëtzen, anerer huelen et e Schrëtt nach méi wäit an hëllefen hir Gesellschaft duerch konkret Aktivitéiten wéi: Liwwerung vun Iesswueren un eeler/vulnerabel Leit oder assistéieren medezinescht Personal.

Mat dëser News wëlle mir iech en Internationalen Ausbléck ginn, wat Scouten aus aller Welt grad maachen!

Hei fënns du en update, vun Scoutsverbänn déi d’Gesellschaft hëllefen, déi Scoutsaktivitéiten vun doheem bidden, am Still ‘Scouting@Home‘ a weider zesumme a Kontakt bleiwen: Scouting Never Stops!

Weider cool Intiativen fënns du hei:

WOW – dat soll jiddereen gutt beschäftegt halen! 🙂

 

Et ass och mega wat Dir alles mat engem Online Videocall maache kënnt: Gruppen/Truppen aus aner Länner kontaktéieren, en Danz zesummen organiséieren, zesummen Sangen, eng Veillée organiséieren, …, an och einfach mat Scouten a Guiden echangéieren an wéi si e positiven Ausbléck behalen trotz den Erausfuerderungen. Dir kënnt och nach aktivitéiten ronderem dem Thema SDG’s plangen, méi Infoen dozou: SDGs – 17 Ziler fir eng besser Welt!

Mir kréien och permanent néi updaten ewéi et mam Scoutismus (respektiv ‘Scout Lockdown’) an den Europäesch Länner weider geet, an kënnen iech do am beschten beroden weint är international Aktivitéiten/Campen am Ausland. Bei Froen kenn dir iech bei eis mellen!

 

Stay positive and keep the scout spirit high!

 

Bleiwt all gesond,

Mat de beschte Guiden- a Scoutsgréiss,
#Scouts #Guides #TogetherAtHome

 

Bruno Martins Nicole Bausch
IC WOSM IC WAGGGS