UPDATE – Coronavirus (10/06/2020)

Léif Cheftainen a Chef,

Gutt Noriicht!

Eis Regierung huet decidéiert datt d’Summercampen a Kolonien ab dem 15. Juli kënne stattfannen, awer ënner bestëmmte Konditiounen.

Mir vertraue weiderhin op d’Gesondheetsexperten an d’Autoritéiten. Well dës soen datt d’Camp’en nëmme kënne stattfanne wann gewësse Bedéngungen erfëllt sinn, wäerte mir natierlech alles maache fir datt dëst de Fall ass.

Mir huelen eis elo déi néideg Zäit fir ze kucken, wei eng Aktivitéiten ënnert dëse Konditioune méiglech sinn, a mellen eis esou schnell wei méiglech bei Iech.

An den nächsten Deeg ginn et méi detailléiert Informatiounen eisersaits, wéi eng Aktivitéiten ënnert dëse Konditioune méiglech sinn.

Vir de Verbandscomité

Anouk an Ivo