Guiden- a Scoutsaktivitéiten am Kontext vun der Covid-19 Pandemie

Léif Cheftainen a Chefs,

Mir si frou, iech matdeelen ze kënnen, dass och nom 15. September d’Aktivitéite vun de Jugendorganisatiounen – trotz der Covid-19 Pandemie – weiderhin erlaabt bleiwen.

D’Direktioun vun der Santé an de Service National de la Jeunesse hunn d’Recommandatiounen – déi bis elo fir d’Summercampe gegollt hunn – op déi „normal“ Versammlungen erweidert.

Hei ass e Link bei déi aktualiséiert Versioun vum entspriechenden LGS-Dokument: Covid Rotschléi V3

Ausserdem fannt dir an dësem Dokument all wichteg Informatiounen zu de spezielle Konditioune fir d’Organisatioun vu Weekender a Campen an zum Congé Jeunesse am Kontext vu COVID-19.

Hei drënner déi wichtegst Neierungen / Ännerungen:

Kontaktgruppen:

  • Fir all d’Aktivitéiten (Versammlungen, Sortien, Weekender, Campen) ass d’Gréisst vun de Kontaktgruppen op maximal 30 Leit (Kanner/Jonker plus Chefs) reduzéiert. (virdrun: 50 Kanner/Jonker plus 10 Chefs)
  • D’Kontaktgruppe solle sou wäit wéi méiglech ëmmer aus deene selwechte Leit bestoen a kee Kontakt mat anere Kontaktgruppen hunn (z.B.: déi verschidde Branchenunitéite maache keng aussergewéinlech gemeinsam Versammlung, d’Chefs wiesselen net tëschent de Branchen hin an hier).
  • Innerhalb vun der Kontaktgrupp si während der Aktivitéit d’Mask an d’Distanz vun 2 Meter net obligatoresch. Et gëtt awer geroden d’gestes barrières anzehalen.
  • Och bei alle Versammlungen a Sortië soll eng präzis Lëscht vun de Participanten(Kanner/Jonker a Chefs) gefouert ginn, domadder kann am Fall vun enger Covid-19 Kontaminatioun den Tracing erliichtert ginn.

Aktivitéiten dobaussen:

  • Op de Summercampen huet de Coronavirus – eisen Informatiounen no – sech net wieder verbreet. Dofir solle weiderhin d‘Aktivitéite souvill wéi nëmme méiglech dobaussen, un der fräier Loft, statt fannen, domadder kënne mer den Infektiounsrisiko immens reduzéieren.

Weekender:

  • Aktvitéite mat Iwwernuechtung (Weekend, Camp) si fir de Moment erlaabt. Fir den Infektiounsrisiko ze reduzéieren, rode mir iech awer, elo am 1. Trimester, wa méiglech éischter Dagesaktiviéiten (Sortien) z‘organsiéieren.

Dëst vermeid och, dass e Weekend dee scho geplangt war, spéider misst ofgesot ginn, am Fall wou d’Infektiounszuelen am Hierscht/Wanter géingen erop goen an d’Restriktioune vun der Regierung nees méi streng ginn.

  • Bei Weekender mat Iwwernuechtung am Chalet, soll all Dortoire nëmmen hallef beluecht sinn (all zweet Bett eidel loossen).

Aktivitéiten ënner Chefs:

  • Et soll eis Prioritéit sinn, dass d’Aktiviéite fir Kanner/Jonker weiderhi méiglech bleiwen. Dofir sollen Aktivitéite, un deenen elleng Chefs deelhuelen, op den noutwennege Minimum reduzéiert bleiwen.
  • Versammlunge vu Chefs, déi dozou déngen, Aktivitéite fir Kanner/Jonker z’organiséieren (Chefekipp/Maîtrise), sinn erlaabt. Heibäi sollen d’gestes barrières agehale ginn (Distanz vun 2 Meter oder Mask undoen).
  • Fir Versammlungen, un deene Chefs aus verschiddene Branchen deelhuelen (Grupperot), rode mir iech dës souwäit wéi méiglech weiderhin online ze maachen. Domadder kann eng Verbreedung duerch de ganze Grupp vermidde ginn.

Formatioun:

  • D’Formatioune ginn och dëst Joer vum Verband ugebueden, awer mat spezielle Moossnamen. Dir kritt geschwë wieder Informatiounen dozou.
  • An der Woch vum 15. September gëtt déi obligatoresch speziell Formatioun vum SNJ iwwert d’Sanitär Reegelen nach eng Kéier online ugebueden. Chefs, déi dës Formatioun scho matgemaach hunn, brauche se net nach eng Kéier ze maachen.

Weider Froen:

  • Den Nouttelefon funktionéiert nom 15. September net méi. Dir kënnt iech awer weiderhi per e-Mail u covid@lgs.lu wennen.

Mir wënschen iech all e flotte Start an dat neit Guiden- a Scoutsjoer,

de Verbandscomité