En neit Team fir d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Léif Cheftainen a Chef,

Heimat wëlle mir iech dat neit Team fir d´Joren 2020 – 2023 virstellen, dat dëse Weekend um 1. Online Kongress vun de Lëtzebuerger Guiden a Scoute gewielt gouf.

D’Team setzt sech zesummen aus dem Commissaire général, dem Marc Weis, an der Commissaire générale adjointe, Angélique Krier.

Ënnert folgendem Link fannt dir nach eng Kéier d’Kongresswale vu gëschter Owend, esou wéi d’Presentatioun vum Comité an den Ausbléck fir déi 3 kommend Joren.

 

Internetsite Kongress 2020

 

De Rapport vum Kongress wäerte mir sou schnell wéi méiglech verëffentlechen.

 

Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,

De Verbandscomité