CaraPio Camp 2022 – Opruff Staff

Léif CaraPio, léif Chef, léif Alleguer,

Wéi déi meescht warscheinlech, huet et och eis traureg gestëmmt datt de Slov’It 2020 wéinst der COVID19 Pandemie huet mussen ofgesot ginn. Déi Entscheedung war sécher net einfach mee noutwenneg fir d’Gesondheet vun eis alleguer.

Am Virfeld gouf scho villes vun enger ganzer Rei motivéierter Guiden a Scouten organiséiert. Aus dësem Grond wëlle mir gären en neien Ulaf fir de Nationale CaraPio Summercamp 2022 starten.

Iwwert dëse Link kënns du op eng Säit mat deene wichtegsten Informatiounen.

Do kanns du dech dann och direkt ënne op der Säit fir de STAFF bei eis mellen. Zéck net wann s de Froen hues. Mir freeën eis op dech.

https://carapio.lgs.lu/nationale-carapio-summercamp-2022/