Covid-Lancement 17.10- 18.10.2020

Desen Message betrefft just dei Leit, dei um Lancement dobai waren oder matgehollef hun!

 

Léif RaRo an Ekipp Route,

 

Eng Persoun, déi um Lancement de leschte Weekend deelgeholl huet, gouf mëttlerweil positiv op de Coronavirus getest. Dëst wéinst Symptomer, déi den 20.10. ugefaangen hunn.

 

Laut Definitioun vun der Santé, mussen alleguerten d’Leit déi e mat dëser Persoun e „Kontakt mat héigem Risiko“ haten, wärend 7 Deeg nom Kontakt  a Quarantaine an um 6. Dag en Test maachen. Als „Kontakt mat héigem Risiko“ zielt e Kontakt vu méi wéi 15 Minuten, ouni Mask, bei enger Distanz vu manner wéi 2 Meter ; dëst Réckwierkend bis 48 Stonne virum Ufank vun de Symptomer.

 

Leit, déi Sonndes (18.10.) um Lancement waren, falen also potentiell ënnert d’Definitiounen hei driwwer. Fir Leit, déi nëmme Samschdes (17.10.) um Lancement waren, gëllt dëst theoretesch net.

 

Well den „Tracing“ vun der Santé mëttlerweil wéinst de ville Fäll vu Coronavirus iwwerlaascht ass, ginn d’Kontakter net méi vun hinne selwer kontaktéiert, weder fir d’Quarantaine, nach fir en Test ze verschreiwen.

 

Fir d’LGS probéiere mir dofir dëst selwer ze organiséieren:

 

Jiddereen, dee Sonndes um Lancement war, soll sech vun elo un an „Auto-Quarantaine“ setzen, dat bedeit: bis e Sonndeg (25.10.) doheem bleiwen, net op d‘Aarbecht oder an d‘Schoul goen, sech vun „ufällege Leit“ (eeler Leit, chronesch Kranker, asw.) fern halen an e Samschdeg (24.10.) e Covid-Test maachen.

 

Dir kënnt e Covid-Test ufroen iwwer covid@lgs.lu (w.e.g. Numm, Virnumm, Adress a Matricule uginn). Dir kritt dann eng Ordonnance gemailt, mat där dir kënnt an e private Laboratoire (Labos Réunis, Ketterthill oder Bionext) oder an den neien Testcenter um Kierchbierg goen. Wann dir fir de Rescht vun der Quarantaine e Krankeschäin fir d‘Aarbecht oder eng Excuse fir d’Schoul braucht, kënnt dir déi och iwwert dës Mailadress ufroen.

 

Dir hutt natierlech och nach ëmmer d’Méiglechkeet, ären Hausdokter ze kontaktéieren an dës Dokumenter bei him unzefroen.

 

Wien nëmme Samschdes um Lancement war, ass theoretesch heivunner net betraff. Wann dir iech awer Suerge maacht, kënnt dir trotzdeem en Test op covid@lgs.lu ufroen.

 

Fir all weider Froe kënnt dir iech gär op covid@lgs.lu mellen.

 

Mat beschte Gréiss,

Dr David Heck

LGS-Covid-Taskforce