Léif Cheftainen a Chef,
D’Regierung huet haut de Mëtten eng Verschäerfung vun de Restriktiounen am Kontext vun der Covid-19 Pandemie ugekënnegt. Aktuell läit nach keen neie Gesetzestext vir, dëse gëtt de Weekend ausgeschafft an e Méindeg an der Chamber gestëmmt.
Esoubal mir déi nei Versioun vum Covid-19 Gesetz a seng Auswierkungen op d’Aktivitéite vun den LGS analyséiert hunn, schécke mir iech dozou eng Newsletter.
Am aktuelle Kontext vu ganz villen Nei-Infektiounen, si mir awer och der Iwwerzeegung, dass d’Guiden a Scouten sech elo scho sollen der Situatioun upassen.
Verschidde „Rotschléi“ fir Guiden- a Scoutsaktivitéite ginn dofir vun elo un zu „Obligatiounen“ :
- Maximal 30 Leit
- All d’Aktivitéite musse gréisstendeels dobausse statt fannen (et kënne keng Aktivitéiten an zouene Raim ugebuede ginn)
- Jiddereen iwwer 6 Joer muss wärend der ganzer Aktivitéit permanent eng Mask droen (oder en aneren Nuesen- a Mondschutz), esouwuel dobanne wéi dobaussen
- Iwwernuechtunge sinn net erlaabt (Weekender, déi scho geplangt sinn, däerfen als 2 Sortien ofgehale ginn, wa jiddereen dertëschent heem schlofe geet)
D’Aktivitéite mat Kanner a Jonke sollen eis absolut Prioritéit sinn. Dofir rode mir, d’Versammlungen ënner Chef, grad wéi d’Grupperéiet, online ofzehalen. Wann dëst net méiglech ass, mussen och hei 2 Meter Ofstand gehalen a Maske gedroe ginn.
Et ass wichteg fir eis jonk Guiden a Scouten, datt mer weider Aktivitéiten ubidden. Dofir biede mir all Cheftainen a Chef, äert Bescht ze maachen an – am Kader vun deem wat méiglech ass – weiderzeschaffen. Als Guiden a Scouten si mir kreativ a bréngen et bestëmmt fäerdeg, eis der aktueller Situatioun unzepassen.
Bei weidere Froe kënnt dir iech iwwer Mail u covid@lgs.lu mellen.
Fir de Verbandscomité,
Marc Weis (CoGé), Angélique Krier (Cogée adj.), David Heck (Covid-Taskforce)