Léif Cheftainen a Chef,
Mir ginn eraus! Dëst natierlech mat Anhale vun den aktuelle COVID19 Recommandatiounen. Dofir bidde mir iech verschidde Formulen un.
Sortie – Simply ScOUTing
Mir bidden iech dräi Datumer un, wou dir d’Méiglechkeet hutt, mat enger Branche aus ärem Grupp op d’Neihaischen ze kommen, fir do wärend 3 Stonne Programm zum Thema “Simply ScOUTing” mat äre Jonken ze maachen:
- 14. November: vun 10h-13h oder vun 14h-17h (mellt iech beim Marlen: marlen.oldenburg@lgs.lu oder um: 26 94 84 – 32)
- 28. November: vun 10h-13h oder vun 14h-17h (mellt iech beim Tom: tom.lahr@lgs.lu oder um: 35 76 45)
- 5. Dezember: vun 10h-13h oder vun 14h-17h (mellt iech beim Cathy: cathy.kirsch@lgs.lu oder um: 26 94 84 – 26)
Mir kucke mat iech de Programm un är Jonk unzepassen, egal ob Hütte bauen, Outdoor Escapegame, Schnitzen, am Keramik schaffen, … der Kreativitéit si keng Grenze gesat.
Wéinst der aktueller sanitärer Situatioun kënne mir maximal 30 Leit inklusiv Staff encadréieren.
Brancheversammlung- Simply ScOUTing
Mir plange mat iech eng Versammlung zu engem bestëmmten Thema an ënnerstëtzen iech bei Bedarf bei der Ëmsetzung. Mellt iech dofir beim Cathy: cathy.kirsch@lgs.lu oder um: 26 94 84 – 26.
Aner Iddien:
Aner Iddien vun deenen dir kënnt profitéieren fir äre Programm ze gestalten:
- Ausléine vun eise pedagogesche Kofferen: Pedagogesch Kofferen
- Erstelle vun engem Actionbound-Account fir äre Grupp fir flott digital Rallyen ze maachen. Fir en Account ze erstellen an Hëllef bei der Planung ze kréien, kënnt dir iech beim Marlen: marlen.oldenburg@lgs.lu oder um: 26 94 84 – 32 mellen. Dir fannt Beispillrallye vum Kanudag op der Chefbox. Hei e kuerzen Erklärungsfilm zum Actionbound: Actionbound – Erklärung
- An der Chefbox fannt dir d’Aktivitéitsbox mat enger ganzer Rei verschidden Iddie fir Aktivitéiten am Grupp. Zéckt och net är eegen Aktivitéiten eranzereechen fir datt och aner Gruppen dovu profitéiere kënnen. Aktivitéitsbox
Zéckt net iech bei eis ze mellen!
Marlen, Tom a Cathy