Komm mat! – Simply ScOUTing

Léif Cheftainen a Chef,

Mir ginn eraus! Dëst natierlech mat Anhale vun den aktuelle COVID19 Recommandatiounen. Dofir bidde mir iech verschidde Formulen un.

Sortie – Simply ScOUTing

Mir bidden iech dräi Datumer un, wou dir d’Méiglechkeet hutt, mat enger Branche aus ärem Grupp op d’Neihaischen ze kommen, fir do wärend 3 Stonne Programm zum Thema “Simply ScOUTing” mat äre Jonken ze maachen:

Mir kucke mat iech de Programm un är Jonk unzepassen, egal ob Hütte bauen, Outdoor Escapegame, Schnitzen, am Keramik schaffen, … der Kreativitéit si keng Grenze gesat.

Wéinst der aktueller sanitärer Situatioun kënne mir maximal 30 Leit inklusiv Staff encadréieren.

Brancheversammlung- Simply ScOUTing

Mir plange mat iech eng Versammlung zu engem bestëmmten Thema an ënnerstëtzen iech bei Bedarf bei der Ëmsetzung. Mellt iech dofir beim Cathy: oder um: 26 94 84 – 26.

Aner Iddien:

Aner Iddien vun deenen dir kënnt profitéieren fir äre Programm ze gestalten:

Zéckt net iech bei eis ze mellen!

Marlen, Tom a Cathy