MAD 2021 – Opruff Staff

Du engagéiers dech gär?
Du bass motivéiert eng Hand mat unzepaken?
Du setz deng Ideen gaeren ëmm?
Ma dann brauchen mir genau dech!

Vum 27ten bis den 30ten Mee 2021 fannen rem d’Multi-Action-Days (kuerz M.A.D.) statt.

Heibäi geet et drëms de CaraPio eng national Aktivitéit ze bidden bei där si Spaass an Erausfuerderunge fannen.
Dës Kéier ass geplangt de MAD a Form vun enger Art groussem Rallye ze maache – wou d’CaraPio iwwert dräi Deeg ee Wee zeréckleeën an iwwerdeems flott Aktivitéiten ugebuede kréien.
Sou wëlle probéieren konform zu éventuelle Restriktioun duerch Corona ze bleiwen. (Wéi dat genee soll ausgesinn, kriss de an der éischter Staff versammlung virgestallt.)

Natierlech brauche mir Hëllef beim plangen an ofhale vun den eenzelnen Aktivitéiten oder an der Organisatioun.
Sief et als ganz Trupp oder als eenzelnen géinge mir eis freeën wann mir op déng Hëllef kënne bauen.

Wanns du dech engagéiere wëlls, dannn mell dech bei eis () bis den 8. Januar 2021.

Eng éischt Staff Versammlung, wou mer de ganze Projet virstellen, ass Dënschdes den 12. Januar 2021 um 19h00 (online, Link kënnt no).

Hoffentlech bis dann,

D’CaraPio Ekipp