World Thinking Day 2021 – Postkaartenaktioun

Maach mat bei der Postkaartenaktioun 2021!

Et ass rëm sou weit, den 22ten Februar feieren mir mat den Scouten weltwäit de Gebuertsdag vum Olave a vum Robert Baden Powell. Dëst ass eng Traditioun déi säit 1932 existéiert  an du kanns hëllefen se weiderzeféieren!

D’ Scouten a d’ Guiden schécken sech Postkaarten mat schéine Gréiss um Thinkingday an zesummen mat aneren däitschsproochegen Länner maachen mir mat. 

D’Thema dëst Joer ass All zesummen fir den Fridden

Fridden ze bréngen oder Fridden ze erreechen ass fundamental fir all Guiden an Scouten an dëst Thema ass am Moment nach ëmmer esou relevant wei dat och virun 100 Joer den Fall war. Nëmmen wann mir all zesummen schaffen kënnen mir dëst Zil erreechen. 

Wëlls du fläit engem aaneren Freed maachen, an däin Fridden an Form vun enger Postkaart verschécken? An och eng Postkaart vun engem aaneren amplaatz kréien?

Dann mach mat bei der Postkaartenaktioun! Mell dech eleng oder mat dengem Grupp bis den 27.01.2021 un an den 8.02.2021 kriss du dann d’Adressen per Mail geschéckt. 

Umellen kann een sech um Site: https://thinkingday.pfadfinden-in-deutschland.de/informationen/postkartenaktion

Op dësem Site fannt dir och nach weider Informatiounen zu der Aktioun. Bei weideren Froen schreift op ic.wagggs@lgs.lu

Elo leit et just nach un ärer Kreativitéit fir eng flott Postkaart ze gestalten an dës fortzeschécken. 

Lénks Patt, 

Fir I-Ekipp 

Jennifer Adami 
IC WAGGGS