iScout 2021 – International Online Game

Maach mat beim iScout 2021!

iScout, dat sinn dausende vu Scouten déi sech all Joer fir een Owend treffen fir zesumme en groussen Internationalen Online Game (mat Covid-Konform Spiller) ze spillen.
Wat ass et? En internationalen online Spill koordinéiert vun Scouting Nederland wou Kreativitéit an Teamgeescht gefuerdert ginn.
Weini? Samschdech 6. Mäerz 2021, 18h – 22h GMT.
Wat brauch een? Eng Ekipp opstellen, Laptops, Smartphones fir Fotoen ze maachen, vill Kreativitéit an natierlech Internet =)
Et sinn der elo scho méi ewéi 7000 Scouten aus der ganzer Welt ugemellt. More to come…
Dat interesséiert dech? Maach och du mat an mell deng Trupp/Clan/Grupp un! Et soll een sech bis den 31. Januar online umellen.
Umellen iwwert den Site: https://iscoutgame.com/
Du kanns dir och een super coolen Badge vun der Aktivitéit bestellen.

Op dësem Site fannt dir och nach weider Informatiounen zu dëser cooler Aktioun. Bei weideren Froen schreift op ic.wosm@lgs.lu

Vill Spaass!

 

Lénks Patt,

Fir d’International Ekipp

Bruno Martins
IC WOSM