MAD 2021 – Info

Léif CaraPio Chef,

vum 28. bis den 30 Mee 2021 fannen d’Multi Action Days rëm statt. Duerch déi speziell Situatioun an där mir eis befanne, gëtt och ee spezielle M.A.D. geplangt!

Wat ass d’Idee?

Dat Ganzt soll a Form vun enger Art groussem Rallye kombiniert mat engem Camp Volant an der Géigend Luerentzweiler oflaafen.

Op engem Wee vu ronn 40 km si verschidde Posten verdeelt. Op all Posten ass eng gréisser Aktivitéit geplangt. D’CaraPio vun all Trupp starten op engem anere Posten a ginn dann nodeems se d’Aktiviéit do ofgeschloss huet weider op deen nächsten. Sou soll een iwwert den Dag dräi bis véier Posten maachen.

Op dem Posten op dem een Owes ass gëtt d’Zelt opgeriicht a Moies geet de Parcours dann virun!

Sou wëlle mir garantéieren dass d’CaraPio aus de verschiddenen Truppe sech physesch net begéinen.

D’Chef géingen d’Posten iwwerhuelen an d’Aktivitéiten fir d’CaraPio ubidden.

Virleefeg Umeldung?

Natierlech ass dat ganzt nach vu ville Faktoren ofhängeg, woubäi mir op verschiddener keen Afloss hunn ma ee wichtegen ass awer dass mer weesse fir wéivill Leit dat ganzt geplangt muss ginn.

Dofir géinge mir Eech bieden, Eech bis den 21. Februar provisoresch mat folgendem Formulaire umelden: klick hei

Déng Hëllef ass gefrot!

Wéi well gesot sollen d’Chef während dem Camp d’Aktivitéiten ofhalen. Dës solle fir 10 CaraPio ausgeluecht sinn a solle ronn 2 Stonnen daueren.

Hues du eng gutt Idee fir eng Aktivitéit? Eppes mat Action? Eng Erausfuerderung? Ee Spill?

Ma fir di beschten Aktivitéit spréngt sécher ee flotte Präis raus!

Informatiounsversammlung

Eis nächst Informatiounsversammlung fir déi Truppen déi wëlle matmachen a sech provisoresch ugemellt hunn oder fir Leit déi einfach sou wëllen eng Hand mat upaken, ass den 23. Februar um 19h online. (Link kënnt no)

Hoffentlech bis dann.

Fuer duer,

d’CaraPio Ekipp