JoCaPi 2021 – Info

Léif CaraPio Chef a Cheftainen,

Nodeems letzt Joer den JoCaPi net statt fanne konnt, freeë mir eis iech dëst Joe alleguer ob den JoCaPi zu Dikrech anzelueden. Mam Thema bleiwe mir dem vu letztem Joer trei an dofir gëtt et och am zweeten Ulaaf nach enker een Trimagische JoCaPi (Harry Potter).

Umeldung:

Duerch die aktuell Covid-Mesuren kënnen mir dëst Joer just 16 Equippen mat jeweils max. 6 Persounen unhuelen. All Equippe muss vun engem Chef begleet ginn, dësen zielt zu den 6 Persounen. Den Umeldungsformulaire fënns du hei : klick hei (bis dass voll ass).

Datum:

Samschdes, de 17. Abrëll 2021 tëschent 8h00 an 18h00 zu Dikrich um Lorentzwues.

Participatioun:

Wann dir vun eis eng Bestätegung kritt hutt dann fällt folgend Participatioun un.

10€ pro Persoun bis den 31. Mäerz op de Kont vun den Dikrecher CaraPio iwwerweisen. (eng Iwwerweisung pro Trupp.)

– LGS CARAPIO / DIKRICH
– BCEE – LU14 0019 1755 9678 5000
– Vermierk: JoCaPi 2021 + Grupp + Unzuel CaraPio + Unzuel Chef

Material:

Pro Persoun:

– Mask
– Dem Wieder ugepasste Kleeder + Foulard
– Ravi/Picknick fir den ganzen Dag
– Bidon mat Waasser
– Giele Gilet

Pro Ekipp:

– Block a Bic
– Kompass, Täschemesser

Ravi:

Duerch déi aktuell Covid-19-Situatioun bieden mir all Participen vum JoCaPi een eegenen Picknick fir den ganzen Dag matzebréngen. (Villäicht gëtt et Bonuspunkten fir déi Ekipp déi dee flottsten PicNic oder sos eppes passend zum Thema dobäi huet.) 🙂

Transport:

Depart an Ziel ass zu Dikrech um Lorentzwues. Dësen ass ganz gutt (200m) vun der Gare ze Fouss ze erreechen. (LUREF 78 739 E | 103 104 N)

Zuch: Wéinst Chantieren op der Streck kann et sinn dass den Zuch net fiert. Ma fueren dann Ersatzbusser. Kuck heifir op www.cfl.lu
Bus: Bis op den Arrêt “Diekirch, Lorentzwues” oder “Diekirch, Gare”. (www.mobilitéit.lu)
Auto: Ee gratis ëffentleche Parking ass op der Gare a bei der aler Seeërei.

Depart:

Den Depart vun den Gruppen gëtt iech am soubal d’Umeldungen all dobanne sinn matgedeelt.
All Grupp kritt eng präzis Auerzäit fir den Départ zougedeelt. Wann eng Grupp de Rallye ofgeschloss huet kann se direkt Heem goen.
Den Ofschloss an d’Präisiwwerreechung maache mer dann dëst Joer digital.

Bis geschwënn,

CaraPio Dikrich