Umelldung BiberMud 2021

Léif Bibercheftainen a Bibercheffen,

2020 hu mir de BiberMud wéngst dem COVID-19 leider missen ofsoen. 2021 fënnt awer lo eng COVID-konform Versioun vum BiberMud statt.

All d’Informatioune fannt dir am Bréif.

 

D’Umelldunge fir de BiberMud 2021 si schon zou. Fir eis un d’COVID-Restrictioune kënnen ze halen, kënne mer nëmmen 14 Ekippen à 10 Persounen unhuelen. Well sech lo scho 14 Ekippen ugemellt hunn, kënne mer leider keng weider Umelldunge méi unhuelen. Dir kënnt eis awer ob biber@lgs.lu eng E-Mail schécken. Mir setzen iech op eng Waardelëscht an informéieren iech direkt, falls eng Ekipp giff ofsprangen.