Nationalen Dag vun der Resistenz am 2. Weltkrich

Haut um Sonndeg ass den Nationalen Dag vun der Resistenz am 2. Weltkrich.

Le 25 février 1944, 23 résistants luxembourgeois furent assassinés dans le SS-Sonderlager/KZ Hinzert, situé à 75 km de Luxembourg-Ville. C’est autour de cette date du 25 février que, depuis des décennies, le Luxembourg se souvient de celles et de ceux ont résisté activement à l’oppresseur nazi. (Comité pour la Mémoire de la Deuxième guerre mondiale)

Nodeems d’Nationalsozialisten 1940 eist Land besat haten an d’Scoute verbuede goufen, hunn d’Scoutsresistenzler sech mam Asaz vun hirem Liewen, fir de Fridden an d’Fräiheet vu Lëtzebuerg agesat.

Op Initiativ vun den dräi Distriktscommissaire vun de Lëtzebuerger Scouten, Tony NOESEN (Norden), Georges EVERLING (Zentrum) a Jang MULLER (Süden), ass de 15. Juli 1940 déi éischt Lëtzebuerger LS-Resistenzorganisatioun op d’Bee gesat ginn. Kuerz duerno, de 15. August 1940, koumen iwwer 40 Chef a Rover aus dem Süddistrikt zu Esch am Wëllefcherssall ënnert der Grenzer Kierch zesummen, wou beschloss gouf, Resistenz ze leeschten, mee d’Bouwen aus där geféierlecher Saach erauszehalen. Bei dëser Geleeënheet hu si hiert Scoutsverspriechen op de Lëtzebuerger Fändel erneiert. Dat war deen éischten Akt, vun der éischter Resistenzorganisatioun. 

Bal 500 Memberen vum Verband waren an der aktiver Resistenz. Eng ganz Parti si vun hire Funktiounen ofgesat ginn, hunn aus der Wehrmacht desertéiert oder sinn aus patriotesche Grënn aus hire Lycéën erausgehäit ginn. 

Et muss een och bedenken, datt verschidde Memberen duerch méi wi eng Statioun vun der Naziverfolgung hu missen goen. 

Op onsem Site fënns du méi Informatiounen iwwert de Verband vun de Lëtzebuerger Scouten (LS) an der Resistenz 1940-1945. 

https://lgs.lu/iwwert-eis/scoutsresistenzler/

Weider Informatiounen a Broschür fënns du och um Site vun dem Comité pour la Mémoire de la Deuxième Guerre Mondiale.

https://cm2gm.lu/

Extrait aus der 1. Mee Feier 2020 um Neihaischen: