Pélé des Jeunes 2021 – Info

Léif CaraPio a léif Chef,

Huel mat dénger Trupp um Pélé des Jeunes deel.

Dir tëppelt vum 24. op de 25. Abrëll iwwert d’Nuecht bis bei d’Kathedral. Fir de spirituelle Moment kritt dir eng Partie Message mat, déi dir ënnerwee op enger flotter Plaz kënnt auspaken a virliesen.

Wanns du fir d’Mass eng Plaz an der Kathedral wëlls kréien, dann gëff dat bei dénger Umeldung mat un. (D’Plaze si begrenzt) D’Mass ass de 25. Abrëll um 7h30.

Déi déi tëschent 6h30 a 7h15 ukommen an ugemellt sinn erwart eng Tass Kaffi an ee Croissant. (Becher net vergiessen :-))

Corona:

– Fir d’Kontakter méiglechst kleng ze hale soll all Trupp séparat trëpelen. (Ënner anhale vun de Corona-Regelen déi fir d’Versammlunge gëllen.)
– Wann d’Ausgangsspär dann nach weider besteet, dann kann d’Aktivitéit leider net stattfannen.

Umeldung bis den 10. Abrëll : hei klicken (net nëmme fir CaraPio)

Mat beschte Gréiss,

D’EAS zesumme mat der CaraPio Ekipp