Neies am LGS Shop (Lessure Workwear)

Waars du rezent schon am LGS Shop (Lessure Workwear) op der Gare? Si hunn zanter kuerzem e puer flott nei LGS Produiten a Gadgeten.

  • LGS Kaartespill (2,50 €)

D’PR-Ekipp huet zesumme mat de Verbandsekippen un engem flotten LGS Kaartespill geschafft. Op 55 Kaarte gëss du esou allerlee iwwert d’Guiden a Scouten gewuer. D’Kaartespill kriss du mat 3 verschiddene Motiver op der Këscht. D’Kaarte selwer sinn all Kéiers déi nämmlecht.

Op dëser Plaz wëlle mir och nach eng Kéier dem Emma Bervard an dem Lucy Konsbruck Merci soen déi um Design vu verschiddene Kaarte matgeschafft hunn.

  • LGS Multifunktiounsschal (4,00 €)

Nom grousse Succès bei de Gruppen, ass den LGS Multifunktiounsschal elo och am Shop ze kréien.

  • LGS Masken aus Stoff (6,90 €)

Wann s du deng Mask och emol wëlls ersetzen kriss du am Shop elo Masken vun Hakro am LGS Design (Stoffemask mat dem Verbandsofzeechen).


Bei gréissere Commanden oder soss Froe, kanns du dech direkt bei der Maison Lessure mellen.

Adresse:

Maison Lessure
1, Rue Jean Origer
L-2269 Luxembourg

Tel.: 48 86 18
@: Lessure Workwear

www.lessure.lu