Absurd-Cup-Rallye

Dëst Joer war den Absurd-Cup-Rallye zu Diddeleng. Dat Ganzt gouf organiséiert vun der Avexekipp zesumme mam Diddelenger Grupp vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten.

Trotz dem Abrëllswieder haten eng ronn 130 Avex aus ëm ganze Land de Wee op Diddeleng fonnt, fir ëm déi éischt Platz ze spillen. Nieft engem flotte Wee vun Diddeleng op Näerzeng konnten d‘Ekippe bei 5 Spiller an engem Quiz hiert Kënnen ënner Beweis stellen.

Déi éischt Platz ass fir Trupp vun Diddeleng “Déi Bescht”, gefollegt vu Leideleng a Biekerech.

Mir freeën eis iech dëst Joer een zweete Rally kënnen an Zesummenarbescht mam Sandweiler Grupp ubidden ze kënnen. Den Umeldungsformulaire kënnt an den nächsten Deeg per Newslettre.

Bis deemnächst

Är Avexekipp

Den ganzen Raking

1. Diddeleng Déi Bescht
2. Leideleng Leideleng Mutzen
3. Biekerech Mahatna Ghandi
4. Diddeleng LOL
5. Bouneweg Pizza mat Ananas ass illegal
6. Cents Schlick Boyz
7. Nidderanwen Grupp Schetzel
8. Zéisseng Stress
9. Reimech St. Cunibert
10. Cents 2 Road Runners
11. Jonglenster 2 Dadela
12. Jonglenster 1 No Name
13. Peiteng Pétange
14. Ettelbréck ESSS
15. Arche de Noe Arche de Noé