Summercamp 2021 – International Recommandatioun

International Recommandatioun – Summercamps 2021 als PDF
Léif Cheftainen a Chef,
mir, Internationale Kommissariat vun den LGS, wëlle iech eng weider konkret Berodung gi, bettreffend d’Summercamp fir 2021. No engem Joer 2019-20 wat staark vum COVID-19 betraff war, hu mir all gehofft op e Retour an d’normaalt. Leider ass d’Pandemie nach ëmmer relevant a riskéiert nach e groussen Impakt op d’Summercamp vu 2021 ze hunn.
Mir kréien vill Infoen iwwer eis international Relatiounen ewéi et mam Scoutismus am Ausland weider geet an do hu déi meescht änlech oder souguer nach méi streng Mesuren ewéi bei eis zu Lëtzebuerg.
Fir är Summercamp 2021 recommandéiert de Comité Iech a Camp am Inland ze organiséieren. Och mir, roden Iech virsiichteg ze sinn mam plange vun Aktivitéite am Ausland. D’Zil ass datt wann eppes falsch geet, dass ären Grupp net ouni e Plang B oder mat enorme finanzielle Verloschter do steet !

  1. Sinn d’Camps am Ausland erlaabt?

Mir wëssen et nach net genau. Falls jo, dann awer am Aklang mat den Gesondheetsmoossnamen vum respektiven Land an Jugendbeweegungen. Och wann sech d’Situatioun hei zu Lëtzebuerg  dann am Summer 2021 normaliséiert, wësse mir net wéi se sech an den aneren Länner entwéckele wäert an respektiv wat fir weider Mesuren do geholl ginn. Sidd iech bewosst dass et zu all Moment kann zu engem « GO » oder « NO-GO » gi. Dofir plangt och mat an, dat dir ären Camp eventuell kuerzfristeg musst ofsoen, wann Restriktiounen vun ärem Destinatiounsland een Camp net méi erméiglechen.

 

  1. Wat sinn déi aktuell Gesondheetsmoossnamen am Ausland?

Falls dir en camp am Ausland plangt fir 2021, sollt dir iech op eis Nopeschlänner limitéieren. Dës ass natierlech keng Definitiv Äntwert well et zu all Moment änneren kann jee no der Evolutioun vun der Pandemie zu Lëtzebuerg an och am Ausland.

Wei der wësst, kennen d’Gesondheetssystem, Versécherung, Ouverture a Fermeture vu den Grenzen am Ausland ganz anescht ausgesinn ewéi zu Lëtzebuerg. Eventuell muss en och mat aneren Restriktiounen rechnen, z.b. een negativen Covid Test bei An- an Ausrees, Quarantän goen etc.

 

  1. Wat fir eng Konditiounen soll ech am Ausland respektéieren ?

Och wann et eng Destinatioun no vu Lëtzebuerg bleift, an fir desagreabel Iwwerraschungen ze vermeiden, ass et wichteg:

  • Halt Iech informéiert wat bei eisen Nopere lass ass ier Dir gitt. Z.bsp. hei :
  • Respektéiert d’Gesondheetsbedingungen, déi national/regional/lokal Autoritéite fir Touristen a Gruppe vu jonke Leit am Land vun der Destinatioun gëllen, souwéi d’Sécherheetsmoossnamen am Zesummenhang mam Transport (Transportfirma, Zuch, Bus, asw.) .
  • Follegt de praktesche Guide « COVID-19 Rotschléi » vun den LGS (https://lgs.lu/covid/), den all déi sanitär Moossnamen am Detail erkläert , déi bei eis am Land a Kraaft sinn. Wann déi national an/oder regional Moossname vun Ärer Destinatioun méi restriktiv si wéi déi vun eisen LGS Guiden a Scouten, sinn et dës national an/oder regional Moossnamen déi Dir respektéiere musst.
  • Informéiert och d’Eltere vun de jonke an diskutéiert mat hinnen de Kader an d’Konditioune fir um Camp ze respektéieren.

 

  1. Hei sinn nach e puer Tipps vun eis:
  • Wann Dir eng Reservatioun maacht, analyséiert gutt d’Annulatiounsbedingunge. Gitt ëmmer Präferenz fir gratis Annulatiounen. Wann dëst net méiglech ass, soll de Betrag, deen als Acompte engagéiert ass, kleng sinn. Denkt eventuell un eng « Clause d’annulation COVID-19 » am Kontrakt.
  • Maacht net ze séier grouss finanziell Ausgaben. Am beschten, Dir verhandelt d’Annulatiounsbedingungen och am viraus.
  • Kaaft är Transportticketen sou spéit wéi méiglech, wielt flexibel Formelen (verännerbar, remboursabel, kee Fluchtransport).
  • Programméiert e flexibele Projet: stellt Iech Äre Camp vir mat Objektiver an Aktivitéiten, anstatt iech mat enger Destinatioun ze fixéieren.

 

Mir als International Ekipp stinn iech och gären zur Säit fir een Kontakt mam IC am Destinatiounsland hierzestellen, fir mat den Restriktiounen um neisten Stand ze bleiwen, an iech bei der Organisatioun esou wéi bei méiglechen Problemer wärend dem Camp ze hëllefen.

Haalt op alle Fall een Plang B fir e Camp zu Lëtzebuerg bereet, well leider ass an dësen Zäiten net garantéiert ob dir zum Zäitpunkt vun ärem Camp kënnt an Destinatiounsland areesen.

 

« Keep the scout spirit high! »

Bleiwt all gesond,

Mat de beschte Guiden- a Scoutsgréiss,

Bruno Martins Jennifer Adami
IC WOSM IC WAGGGS