Scoutismus: Grad elo!

Dëst ass d’Thema vun enger Campagne, déi vum SIL (Scouting in Luxembourg), an Zesummenaarbecht mam Service National de la Jeunesse, fir d’Promotioun vum Guiden- a Scoutsmouvement zu Lëtzebuerg produzéiert gouf. Déi zwee lëtzebuerger Guiden- a Scoutsverbänn, FNEL an LGS, probéieren heimat sou vill wéi méiglech Cheftainen a Chef, awer natierlech och déi Jonk, z’erreechen.

An der aktueller Pandemieszäit musse grad déi Jonk op villes verzichten. Si wëlle selbstänneg ginn, neits erliewen, ausprobéieren, eegen Interessen entdecken an nei Frendeskreeser opbauen. All dëst ass am Moment awer net méiglech.

De Scoutismus kann de Jonke grad an dësen Zäiten dat bidden, wat si soss net sou liicht kréien.

Mat dësem Video wëlle mir all Cheftainen a Cheffen dozou encouragéieren, Aktivitéite fir déi Jonk unzebidden an duerchzezéien.

Et gëllt oppassen, mee net fäerten. Am Video ginn all déi aktuell sanitär Reegele kuerz an einfach erkläert. Wa mir eis all zesummen un d’Reegelen halen, da kann näischt schifgoen.

Dëse Video däerf gären no bausse gedeelt, an un är Guiden a Scoute bzw. Eltere weidergeschéckt ginn.