OPEN CALL: 37th WAGGGS World Conference

D’International Ekipp siicht dech!

 

Mir, d’International Equipe vun den LGS, sichen no motivéiert Guiden a Scouten fir d’37. WAGGGS Weltkonferenz (27. bis den 31. Juli 2021).

Matschwätzen, Matgestalten a Matbestëmmen op Internationalem Niveau!

Em wat geet et?

WAGGGS huet Memberorganisatiounen an 152 verschiddene Länner. Fir sech als Weltorganisatioun kënnen ze organiséieren, ass ganz vill Aarbecht a Koordinatioun erfuerderlech. E puer vun dëser Aarbecht a Koordinatioun gëtt op der Weltkonferenz gemaach wou all Memberorganisatiounen sech treffen fir iwwer d’Zukunft vun der Weltfederatioun ze debattéieren. D’LGS wäert och dëst Joer erëm un der Konferenz deelhuelen an dofir brauche mir Iech!
Mir sichen Léit déi motivéiert si fënnef Deeg mat Guiden a Scouten aus der ganzer Welt ze diskutéieren an iwwer d’Zukunft vun eiser Associatioun ze entscheeden. Wéinst der Koronapandemie wäert d’Konferenz online stattfannen.

Méi Infoen iwwert den Event hei: WAGGGS World Conference 

 

E puer wichteg Fakten zum Event:

  • Matschwätzen: mat aner Verbänn Diskussiounen féieren an Kontakter a Partnerschaften schléissen
  • Matgestalten: Mir sinn d’ Representatioun vum LGS no baussen, du hëls aktiv deel un Workshops a Sessiounen mat verschidden Thematiken, hues Austausch mat Leit aus aneren Länner
  • Matbestëmmen: Mir wielen wichteg Saachen ewéi den nächste Weltcomité, Strategie an d’Prioritéiten vum Weltverband fir déi nächst Joren, etc
  • Du bass disponibel fir 1 Preparatiounsversammlung physesch/online fir dass mir dech forméieren kennen
  • Du solls d’Konferenzdokumenter liesen an dech domadder auskennen
  • Vum 27. bis den 31. Juli muss du motivéiert sinn all Dag e puer Stonnen virum Ecran ze sëtzen

Wat bréngt mir dat:

  • Du hues d’Chance fir aktiv un globalem Guiden- a Scoutismuss deelzehuelen an en Ënnerscheed ze maachen
  • Du kanns Frënn aus der ganzer Welt fannen an stäerks deng interkulturell Fäegkeeten
  • Du sammels international Erfarung
  • Du kriss méi Kenntnisser iwwert d’Aktivitéiten an d’Prozesser vum Weltverband WAGGGS
  • Du kanns deng Sproochekenntnisser benotzen
  • Een mega Plus fir däin CV!

Däin Profil:

  • tëschent 18 an 35 Joer al sinn
  • aktive Member bei den LGS sinn
  • International Erfarung  (z.bsp.: scho e puer Kenntnisser vun eiser Verbandsstruktur hunn) ass ëmmer ee plus
  • Proaktiv, enthusiastesch, motivéiert a disponibel sinn
  • oppe sinn fir nei Iddien an fir seng eegen Meenung mat den aneren ze deelen
  • kennen iwwer seng perséinlechen Erliefnisser schwätzen a dovunner Konklusiounen zeien
  • Gutt Kenntnisser am Engleschen hunn

Umellen:

Deadline ass ganz kuerz dofir mell dech schnell op (), an där Du dech kuerz virstellt/däin Scouts CV schécks an eis iwwerzeegs firwat Du déi richteg Persoun bass. Duerno wäerte mir dech kontaktéieren an weider Erklärungen ginn.

D’Participatioun op dësen Event ass op d’Käschten vun der International Ekipp, also gratis fir de Participant!

 

Mat de beschte Guiden- a Scoutsgréiss,

Bruno Martins Jennifer Adami
IC WOSM IC WAGGGS