OPEN CALL: 42th WOSM World Scout Conference & 14th World Scout Youth Forum

D’International Ekipp brauch dech!

 

Mir, d’International Equipe vun den LGS, sichen no motivéiert Guiden a Scouten fir d’14. WOSM Jugendforum (18. bis 22. August 2021) an fir 42. WOSM Weltkonferenz (25. bis 29. August 2021).

Matschwätzen, Matgestalten a Matbestëmmen op Internationalem Niveau!

Em wat geet et?

Fir de weltwäite Scoutsmouvement weider um laafen ze halen, treffen sech all Memberorganisatioune(+170) vu WOSM all 3 Joer fir d’Welt Scoutskonferenz an de World Scout Youth Forum. D’Weltkonferenz ass ewéi eng grouss international Assemblé Générale/Kongress wou d’Zukunft vum Scoutissmuss débatéiert gett. De Jugendforum bitt de jonke Leit d’Méiglechkeet sech Iddien iwwer International Projeten ze maachen an sech auszetauschen, an esou de Wënsch vun de jonke Leit méi no un d’ICen ​​op der Weltkonferenz ze bréngen. Um WSYF gin och d’Youth Advisors (Jugendberoder) gewielt, déi Deel vum World Scout Committee sinn.
Zesumme mat eis, kënnt Dir matmaachen an hëllefen d’Zukunft vun de Scouten an déi richteg Richtung ze steieren. D’Zil ass fir d’Participants  um Jugendforum d’Wëssen, déi se do kritt hunn, matzehuelen fir duerno eisen I.C., Bruno Martins, op der Weltkonferenz z’ënnerstëtzen.
De Jugendforum fënnt statt tëscht dem 18. an den 22. August an d’Weltkonferenz tëscht dem 25. an dem 29. August. Dat Ganzt fënnt online statt wéinst der Corona Pandemie.

Méi Infoen iwwert den Event hei: WOSM WSYF & WSC 

 

E puer wichteg Fakten zum Event:

  • Matschwätzen: mat aner Verbänn Diskussiounen féieren an Kontakter a Partnerschaften schléissen
  • Matgestalten: Mir sinn d’ Representatioun vum LGS no baussen, du hëls aktiv deel un Workshops a Sessiounen mat verschidden Thematiken, hues Austausch mat Leit aus aneren Länner
  • Matbestëmmen: Mir wielen wichteg Saachen ewéi den nächste Weltcomité, Strategie an d’Prioritéiten vum Weltverband fir déi nächst Joren, wou déi nächst Jamboree/Moot stattfannen wäerten etc
  • Du bass disponibel fir 1 Preparatiounsversammlung physesch/online fir dass mir dech forméieren kennen
  • Du solls d’Konferenzdokumenter an WOSM Triennial Plan liesen an dech domadder auskennen
  • Du muss motivéiert sinn all Dag e puer Stonnen virum Ecran ze sëtzen

Wat bréngt mir dat:

  • Du hues d’Chance fir aktiv un globalem Guiden- a Scoutismuss deelzehuelen an en Ënnerscheed ze maachen
  • Du kanns Frënn aus der ganzer Welt fannen an stäerks deng interkulturell Fäegkeeten
  • Du sammels international Erfarung
  • Du kriss méi Kenntnisser iwwert d’Aktivitéiten an d’Prozesser vum Weltverband WOSM
  • Du kanns deng Sproochekenntnisser benotzen
  • Een mega Plus fir däin CV!

Däin Profil:

  • Du musst tëscht 18 a 26 Joer al sinn an der Period vum Jugendforum (oder bis 35 fir nëmmen Weltkonferenz)
  • aktive Member bei den LGS sinn
  • International Erfarung  (z.bsp.: scho e puer Kenntnisser vun eiser Verbandsstruktur hunn) ass ëmmer ee plus
  • Proaktiv, enthusiastesch, motivéiert a disponibel sinn
  • oppe sinn fir nei Iddien an fir seng eegen Meenung mat den aneren ze deelen
  • kennen iwwer seng perséinlechen Erliefnisser schwätzen a dovunner Konklusiounen zeien
  • Gutt Kenntnisser am Engleschen hunn

Umellen:

Deadline ass ganz kuerz dofir mell dech schnell op (ic@lgs.lu), an där Du dech kuerz virstellt/däin Scouts CV schécks an eis iwwerzeegs firwat Du déi richteg Persoun bass. Duerno wäerte mir dech kontaktéieren an weider Erklärungen ginn.

D’Participatioun op dësen Event ass op d’Käschten vun der International Ekipp, also gratis fir de Participant!

 

Mat de beschte Guiden- a Scoutsgréiss,

Bruno Martins Jennifer Adami
IC WOSM IC WAGGGS