Iron Scout 2021 – Info 3

Umellung

☠ Umelleschluss ass verlängert gi bis de 25.06.2021.

D’Umellung leeft iwwert de Formulaire um LGS Site (klick hei). Nodeems dir de Virement fir ären Trupp gemaach hutt, kritt dir ee Mail mat all de weideren Detailer zum Oflaf an zum Sponsoring.

Iwwerweisen op dëse Kont:
Lëtzebuerger Guiden a Scouten, Branche CaraPio
Bill IBAN LU38 0026 1827 9868 5600
Vermierk « Iron21, Unzuel CaraPio, Unzuel Chef, Unzuel T-Shirts »

Plaz

Start/Schluss zu Klierf beim Chalet.

Start

Samschdes den 10. Juli 2021 um 16h30 zu Klierf.
(Den Zuch aus der Stad kënnt um 16h16 op der Klierfer gare un)

Retour

Sonndes den 11. Juli 2021 ab 7 Auer. Wann d’CaraPio fäerdeg mat trëppele sinn, kënnen sie entweder mam öffentlechen Transport heemfueren, oder si kënnen zu Klier ofgeholl ginn.

Schluss ass fir CaraPio a Chef spéitdens um 18h.

Oflaf

Ier d’Participanten an d’Startzone kommen, mussen si e Covid-Test (Covid-Check) virweisen oder e Schnelltest op der Plaz maachen.

Nom Startschoss trëppelen d’CaraPio fort – iwwert Nuecht – an hu maximal 24 Stonnen Zäit fir de ganze Wee ze trëppelen.

Wann e CaraPio bis fäerdeg ass mat trëppele, gëtt hien zeréck op de Chalet bruecht. Vun hei aus fiert hien alleng mam öffentlechen Transport heem oder gëtt ofgeholl. (Et gëtt keng iwwerdaachte « Salle d’attente », d.h. de CaraPio kann net op de Rescht vun sénger Trupp waarden)

Mesures Covid

All Participant muss seng ausgefëllte Fiche Covid an Attestation de consentement (kick hei) matbréngen.

Maskepflicht wann d’Distanz vun 2 Meter tëschent de Participants net kann assuréiert ginn.

Chef

All Chef den um Iron Scout dobäi ass, hëlleft bei dene verschidde Chargen (Taxi, Ravi, Wee zeechnen, Un/Ofmellung, Zentral etc ). Anescht ewéi d’CaraPio, mussen d’Chef op der Plaz bleiwen bis all seng CaraPio fäerdeg sinn a seng Charge erfëllt ass.

Aus Sëcheheetsgrënn huet all Chef d’Méiglechkeet am Chalet ze schlofen wann hie grad kee Poste muss besetzen.

Sponsoring

D’CaraPio kënnen sëch Sponsore loosse pro Kilometer den si trëppelen. Den Erléis heivunn geet un de Kanner a Jugendtelefon.

De Formulaire fir de Sponsoring fënns du hei: klick hei

Präis

30€ Basic Iron-Package : 5 Gänge-Menü, Badger, Taxi an eng Bloderplooschter
45€ Premium Iron-Package : Basic Package + T-Shirt + VIP Taxi + 2. Bloderplooschter

Material

– Mask
– Klenge Rucksak
– Waasserbidon (kann opgefëllt ginn)
– Lieblingssnack (alles anescht fir z’iessen gëtt et op de Posten)
– Täscheluucht & Ersatzbatterien
– Giele Gillet
– Reejacket an eppes géint d’Keelt
– Schung fir 65km iwwert Feld- a Bëschweeër ze goen
– Aktuell Fiche Médicale

Iron Chef

All Chef soll de Wee och selwer eemol trëppelen, esou weess hien wat op seng CaraPio duerkënnt. D’Méiglechkeet heifir ass den IRON Chef den 2. op de 3. Juli 2021. Opgepasst: dësen ass vu Freides 18h bis Samschdes 18h. Umelle kann een sech mat enger Mail un .

Bis Geschwënn,

CaraPio Süden