Upruff: Young Delegates

 

Bass du tëschent 18 an 22 Joer al? Schwätz du geären Friemsproochen? Wëlls du méi iwwert déi international Welt vum Scoutismus kënneléieren? MIR SICHEN DECH FIR DEI 2. EDITIOUN VUM YOUNG DELEGATE PROGRAMM.

Als international Ekipp vertrieden mir d’LGS bei WAGGGS a WOSM, den 2. groussen Weltverbänn. Op der anerer Säit implementéieren mir d’Virsäz vun deenen zwee Verbänn och hei am Land. 

Waat maachen ech konkret als YD ?

  • Du representéiers d’LGS bei internationalen Evenementer an bass d’jonk Stëmm aus Lëtzebuerg.
    Zesumme mat den aneren YD bereets du dech op International Evenementer fir.
    Du bass op participéiers an eis Versammlungen (4-5 am Joer) physesch oder via Skype
    Dir ziels deng Erfarungen weider: Sief et iwwer eis Sozial Medien (Facebook) oder iwwer Artikelen um Platte Knuet/Site.

Waat bréngt mir daat ?

  • Dues hues d’Chance fir aktiv un globalem Scoutismuss deelzehuelen an en ennerscheed ze maachen
    Du kanns Frënn aus der ganzer Welt fannen an stäerks deng interkulturell Fäegkeeten
    Du sammels international Erfarung
    Du kriss Erfarung an der Entwécklung an der Implementatioun vu Projeten
    Du liefs eng grouss Party wahrend des eng eemoleg Erfarung,
    Du schléiss Kontakter am LGS selwer
    Du kriss méi Kenntnisser iwwert d’Aktivitéiten an d’Prozesser vun den Weltverbänn a vun den LGS
    Du kanns deng Sproochekenntnisser benotzen

Waat muss ech hunn ?

  • Alter : tëscht 18 an 22 Joer (01.01.2021) (ERRATUM: 01.01.2022)
    Motivéiert – Engagéiert – Flexibel –  Interesséiert – Teamwork
    Gutt Kenntnisser am Engleschen

Wat Kascht et ?

0€!

Jo, du hues richteg gelies, d’Participatioun an d’Reesen op international Evenementer an d’Versammlungen ginn ganz vun eis iwwerholl.

Wou mellen ech mech ?

Formulaire op international.lgs.lu