OPEN CALL: Youth Wave Summit 2021

D’International Ekipp brauch dech!

 

Mir, d’International Equipe vun den LGS, sichen no motivéiert Guiden a Scouten am Alter teschent 14 a 17 Joer  fir Lëtzebuerg an d’LGS ze vertrieden op den nächsten YOUTH WAVE SUMMIT (vum 19. bis 21. November 2021)

Matschwätzen, Matgestalten a Matbestëmmen op Internationalem Niveau!

Eng Super Erfarung fir Jonker am Carapio Alter:

Sidd Dir tëscht 14 a 17 Joer al an interesséiert Iech souwuel fir de Klimawandel wéi och fir d’Politik? Da maacht mat um virtuelle Youth Wave Summit 2021 fir Scouten vum 19. bis den 21. November 2021. 🎙Dir maacht mat bei interessant Debatten a representéiert eise Land. 🌎 Zur selwechter Zäit léiert Dir eppes iwwer d’UNO Nohalteg Entwécklung Ziler (SDGs) an hir Ëmsetzung. Gutt Englesch Kentnisser hun ass eng Viraussetzung fir Participatioun. 🇬🇧

D’Participatioun ass gratis fir de Participant!

👉 Sidd Dir interesséiert? Kontaktéiert eis sou séier wéi méiglech op: ic@lgs.lu

Méi Infoen iwwert den Event hei: YOUTH WAVE SUMMIT an op den site https://youthwave.zhp.pl/

 

Wat bréngt mir dat:

  • Du hues d’Chance fir aktiv un globalem Guiden- a Scoutismuss deelzehuelen an en Ënnerscheed ze maachen
  • Du kanns Frënn aus der ganzer Welt fannen an stäerks deng interkulturell Fäegkeeten
  • Du sammels international Erfarung an néi Kentnisser
  • Du kanns deng Sproochekenntnisser benotzen
  • Een mega Plus fir däin CV!

 

Mat de beschte Guiden- a Scoutsgréiss,

Bruno Martins Jennifer Adami
IC WOSM IC WAGGGS