Opruff: WAGGGS Advocacy Champion

Du bass interesséiert un internationalem Guidissem/Scoutissem? Du wollts schonn ëmmer eng Kéier un enger UN Konferenz deelhuelen? Du bass tëschent 18 an 30 Joer al?

Dann ass den WAGGGS Advocacy Champion Programm genee dat richteg fir dech!

Wat ass een Advocacy Champion? 

All Guide déi tëschent 18 a 30 Joer al ass kann sech mellen fir Advocacy Champion ze ginn. Et ass eng eenzegaarteg Geleenheet sech fir d’Rechter vun jonken Meedercher a Fraen, an der Geschlechtergläichheet op lokalem, nationalen, an internationalem Level anzesetzen.

An der Roll vun engem Advocacy Champion huet een Chance WAGGGS op verschiddenen globalen Eventer ze vertrieden, an awer och fir un der 66th Commission on the Status of the Women (CSW) vun der UN deelzehuelen.

Wat erwaard mech? 

  • All Advocacy Champion hëlt opmannst un engem, maximal un 2 globalen Eventer deel. An all Champion hëlt un der CSW deel.
  • WAGGGS bitt eng Formatioun un wou een alles léiert wat ee fir seng Roll brauch an Ënnerstëtzung wärend der ganzer Zäit
  • Du léiers wéis de kanns de gréissten Jugendmouvement op globalem Level representéieren wat och herno am professionellem Liewen ganz hëllefräich ka sinn

Wat muss ech hunn? 

  • Eng Guide tëschent 18 an 30 Joer sinn
  • Gutt Kenntnisser am Engleschen. Aner wichteg Sproochen bei WAGGGS sinn Franséisch, Spuenesch an Arabesch.
  • Et verpflicht een sech iwwer een Zäitraum vun 18 Méint
  • Motivatioun, Flexibilitéit an Zäit 😉

Wéi kann ech mech mellen?

 

 

Méi genee Informatiounen iwwer alleguerten Opportunitéiten an Responsabilitéiten als Advocacy Champion fënns du am Dokument heirënner an op: https://www.wagggs.org/en/news/become-a-wagggs-advocacy-champion/

 

TOR_-_Advocacy_champions (2)