Animateur spirituell

Nodeems dass d’lescht Joer 3 Chefs hir Ernennung als Animateur spirituell kruten, bidde mir och dëst Joer erëm dës Formatioun un. Si besteet aus

1 verlängerte Weekend  (hei läit de Schwéierpunkt op Austausch an Erliewen.)

1 Themateschen Owend  (Uneegne vun engem Grondwëssen)

Plangen an Ausféiere vun enger spiritueller Aktivitéit (Methoden, Dokumentatioun..)

De Weekend fënnt vum 19.- 21. November statt. Du hues Loscht Animateur spirituell an dengem Grupp ze ginn, da mell dech  iwwert d’Formatiounsportal un.

Formatioun Animateur spirituell