Annulatioun Neijoerschpatt

Léif Frënn a Membere vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten,

Mir mussen Iech leider matdeelen, datt mir duerch déi rezent Entwécklung vum Coronavirus eise Neijoerschpatt, de 7. Januar 2022, annuléieren.

Mir setzen alles drun, fir de Kanner a Jugendlechen, weider flott an ofwiesslungsräich Aktivitéiten an dëser schwiereger Zäit kënnen unzebidden. Dëst ass elo eis Prioritéit.

Mir wënschen Iech e schéint neit Joer, mat vill Freed a gudder Gesondheet.

Bescht Guiden- a Scoutsgréiss

Marc Weis & Angélique Krier
Team