OPEN CALL: AGORA 2022 an Nordmazedonien

Opruf fir en eemolegt Internationalt Rover-Event:

Mir sichen motivéiert RaRo/jonk Chef fir op dëst europäescht Referenz-Event, d’LGS ze vertrieden.
Den AGORA 2022 ass vum 20. bis 24 Abrëll 2022, am Scout Centre Ohrid,  an Nordmazedonien!

D’Participatioun op dësen Event ass op d’Käschten vun der International Ekipp, also gratis fir d’Participanten! Hei kanns du liesen ewéi flott den Event ass:  Europäesch AGORA

Méi Infoen iwwert den Event hei: https://agora.rovernet.eu/

Profil vun de Participants:

  • RaRo oder jonk Chef am Alter tëscht 18 a 24 Joer
  • Proaktiv, enthusiastesch, a motivéiert sinn
  • oppe sinn fir nei Iddien an fir seng eegen Erfarungen ze deelen
  • kennen iwwer seng perséinlechen Erliefnisser schwätzen a dovunner Konklusiounen zeien
  • Gutt Kenntnisser am Engleschen hunn

Umellen:

Bis den 28.03.2022 mat dengem Scouts CV op ic@lgs.lu