Summercamp 2022 – International Recommandatioun

Léif Chef, Léif Guiden a Scouten,

Och am Summer 2022 wäerten eis Campen an den internationalen Scoutismus eventuell nach vun Covid-19 beaflosst sinn. D`Mesuren änneren oft an sinn an deenen verschiddenen Länner deels ganz anescht. Beim Plangen vun engem Auslandscamp ass et also net ëmmer einfach den Iwwerbléck iwwert d`Mesuren ze hunn.

Gëtt et eng Impfflicht? Heescht 2G+ dat selwecht ewéi zu Lëtzebuerg? Brauch ech een PCR Test fir anzereesen? Brauch ech FFP2 Masken? Froen iwwer Froen.

Wann dir Froen hutt, oder iwwert d`international Ekipp wëllt Kontakt zu Auslandgruppen bzw. International Commisären vun aneren Verbänn ophuelen zéckt net eis ze kontaktéieren. Mir probéieren iech beim Plangen vun engem Auslandcamp mat ärem Trupp sou gutt et geet ze ënnerstëtzen.

Wëll d`Mesuren an den verschiddenen Länner permanent änneren, hunn mir eng Lëscht zesummen gestallt mat deenen wichtegsten Informatiounen an allgemengen Links déi reegelméisseg aktualiséiert ginn.

Wéi mussen mir virgoen?

Beim Plangen:

  • D`LGS Newsletter liesen an d`Reegelen vun Aktivitéiten mat Iwwernuechtung bei den Lëtzebuerger Guiden a Scouten anhalen.
  • Wann dir Scoutszentren, Campplatzen an Transportgelegenheeten organiséiert bucht dëss méiglechst esou, dass dir am Fall wou dir den Camp musst ofsoen är Suen zréckkritt.
  • Plangt en Puffer an ärem Budget an, fir Onkäschten déi duerch Covid kënnen opkommen (zB. PCR Test fir d`Arees an d`Land oder d`Réckrees op Lëtzebuerg)
  • Eventuell Alternativen an Betruecht zéien. Plangt dir Beispillsweis en Dagesausfluch iwwert d`Grenz vun dem Land an dem ären Camp stattfënnt iwwerleet iech op dir och éierens anescht am Land selwer kënnt goen falls dëst net méiglech ass.
  • Een Plang ausschaffen, wat geschitt wann den Zenario antrëtt, dass een oder méi Kanner positiv getest ginn
  • Reegelméisseg Updates zu den Corona Mesuren an ärem Zilland verfollegen!

 

Kuerz virum Camp:

  • Den Participanten déi aktuell Reegelen am Land vun ärem Camp matdeelen
  • Sécherstellen, dass jiddereen d`Konditiounen fir d`Arees erfëllt. Gëllt beispillsweis eng Impfflicht, froot är Participants no hirem Impfnowéis
  • Genuch Schnelltester an Masken organiséieren

 

Beim Départ:

  • Kontrolléieren ob jiddereen déi néideg Papéieren dobäi huet. Sot den Participante onbedéngt dass sie hieren EU Certificat mussen rausdrécken. Macht propper Chemisen mat den Fotokopien vun all Kand (an och Chef). Sou evitéiert dir den Zenario dass op der Grenz den Handy platt oder verluer ass an keen QR Code kann virgewisen ginn.
  • Streng sinn: Een wou déi néideg Papéieren net huet an d`Konditiounen vum Zilland net erfëllt duerf net matgeholl ginn!!

 

Wärend dem Camp:

  • Lokal Noriichten, Mesuren an Inzidenzen am Bléck halen
  • Reegelméisseg, an virun allem bei Symptomer, Schnelltester maachen

 

Am Anhang hei fannt fir d`Areesbestëmmungen an d`Mesuren aus deenen verschiddenen Länner. Dëst sinn alles Links déi reegelméisseg aktualiséiert ginn an iech um neisten Stand halen.

 

Mir wënschen iech vill Spaass beim Plangen vun ärem Summercamp.

Mat de beschte Guiden- a Scoutsgréiss

D’International Ekipp vun den LGS


 

Allgemeng Informatiounen fir Reesen aus Lëtzebuerg an ganz Europa:

https://www.acl.lu/de-de/news/mobilite-tourisme/coronavirus-ce-que-les-voyageurs-doivent-savoir

 

Covid Regulatiounen weltwäit:

https://www.iatatravelcentre.com/world.php

 

Mesuren an Arees an Däitschland:

https://www.bundesgesundheitsministerium.de/coronavirus/infos-reisende/faq-tests-einreisende.html (Arees an DE)

https://www.bundesregierung.de/breg-de/themen/coronavirus/corona-regeln-und-einschrankungen-1734724

(allgemeng Regelen an DE)

 

Mesuren an Arees an der Belge:

https://www.info-coronavirus.be/fr/faq/

 

Mesuren an Arees an Frankräich:

https://www.gouvernement.fr/info-coronavirus

 

Mesuren an Arees an Eisträich:

https://www.sozialministerium.at/Informationen-zum-Coronavirus/Coronavirus—Aktuelle-Maßnahmen.html

 

Mesuren an Arees an der Schwäiz:

https://www.bag.admin.ch/bag/de/home/krankheiten/ausbrueche-epidemien-pandemien/aktuelle-ausbrueche-epidemien/novel-cov.html?fbclid=IwAR07vCoPcZrzevBmgDuOikCPMaUmZ8Mr7FqW339L_9mKX_XBOo6aMyZ20wc

 

Mesuren an Arees an Holland:

https://www.government.nl/topics/coronavirus-covid-19