E Scoutsummer mat der I-Ekipp

D’Rentrée ass virun der Dier, a wat gëtt et fir e bessere Grond fir e klengen Recap vum Summer ze maachen? Är I-Ekipp war wéi ëmmer gutt fläisseg.
Am Juli waren de Bruno, d’Jennifer, de Maxime, de Max, an d’Coline op de WAGGGS a WOSM Europakonferenzen zu Rotterdam. Zwee nei Europacomitéen goufen gewielt, an dobai eng ganz Rëtsch Resolutiounen déi déi zwee Comitéen déi nächst drai Joer sollen guidéieren. Déi éicht Konferenz a Präsenz sait 2019 war och eng gutt Geleenheet, fir tëscht de Sessiounen al Frënn remzegesinn, a neier ze knüpfen.
Am August, waren de Charel an de Max bei den Flammäner invitéiert fir hiere “Chefdag” mat ze erliewen, eng gutt Geleenheet fir ze gesinn, wéi eis Noperen dat maachen.
Och um STAP ware mir dëst Joer dobai fir de neie Chef méi iwwert déi international Welt vum Scoutismus ze erzielen!
A wéi war äre Scoutsummer?