Umeldung nationale Biberweekend

Léif Bibercheftainen,
Léif Bibercheffen,

Wéi schonn um Chefdag ugekënnegt, wäert vum 25.-26. Mäerz 2023 um Neihaischen een nationale Biberweekend stattfannen. Dëse riicht sech haaptsächlech un all d’Biberfamillen mat wéineg Kanner, wéineg Cheftainen a Chef oder Cheftainen a Chef ouni Ernennungen. Op dës Aart a Weis wëlle mir sécherstellen, dass all d’Biber, déi am Summer um nationale Bibercamp deelhuele wäerten, och am Joer eng Kéier d’Méiglechkeet hunn, fir mat hirer Biberfamill auswäerts ze schlofen.

D’Biberekipp begleet d’Cheftainen a Chef bei der Preparatioun an der Duerchféierung vum Weekend an iwwerhëlt déi ganz Logistik. Fir all d’Biberfamillen, déi um Weekend wëllen deelhuelen, ass d’Participatioun un der Virbereedungsversammlung, Méindes, de 6. Februar 2023, obligatoresch.

Hei kuerz d’Infoen vum Weekend:
Start: 25. Mäerz 2023 um 9:00 Auer.
Schluss: 26. Mäerz 2023 um 16:00 Auer.
Plaz: Neihaischen
Präis: 45 €
Umeldeschluss: Mëttwochs, den 21. Dezember 2022

Umeldung fir de Weekend:

Umelle kënnt der iech ënnert folgendem Link.