Zesummenaarbecht mam Lycée Aline Mayrisch

Am November 2022 haat d’ONGD d’Chance d’Charte de Solidarité ze ënnerschreiwen. Dës ass e Projet vu Solidaritéit an Echange tëscht dem Lycée Aline Mayrisch hei zu Lëtzebuerg an engem Collège an der Casamance am Senegal.

Eise Partner den Här Ibrahima Gueye vum Jeunesse et Développement konnt de Schüler och ganz vill Interessantes aus dem Senegal an iwwert eis Rees erzielen. Mir soen dem Lycée Aline Mayrisch villmools Merci a freeën eis op d’Zesummenaarbecht!