Léif Cheftaine, léiwe Chef,
De Verbandsgrupp invitéiert dech ganz häerzlech op de Kongress a Chefdag 2023.
Dës Eventer wäerten um Kiem an der a bei der Sportshal stattfannen. Adress:1A, rue Anne Beffort L-1273 Luxembourg
De Kongress ass den 23. September 2023 vu 16h00 un.
De Chefdag ass de 24. September 2023 vun 8h30 un.
Du kanns dech iwwer dëse Formulaire umellen: Umeldung Kongress/Chefdag
Informatiounen iwwer Catering, Programm, Ordre de jour vum Kongress an nach aner Detailer fënns du am Kompass 2022-2023.
Dëst Joer gëtt en neit Team a Vertrieder fir de Verbandsrot gewielt. Wann s du um Kongress deelhëls a matwiels, kanns du matbestëmmen a wéi eng Richtung d’Aarbecht vum Verband weidergeet.
Wale vum Verbandsrot
Um Kongress gëtt de Verbandsrot fir 3 Joer nei gewielt. Dëse Gremium besteet aus 3 ernannte Gruppecheffen an 2 ernannte Cheffe pro Branche.
De Verbandsrot si stellvertriedend fir all d’Cheftainen a Cheffen an trëfft sech op d’mannst 3 Mol am Joer mam Team fir iwwert déi Themaen, déi uleien informéiert ze ginn, matzeschwätzen an Impulser ze ginn. Grouss Ännerungen déi ugeduecht sinn, Reglement déi mussen ugepasst ginn, ginn hei zesumme mam Team beschwat.
Wann s du Loscht hues a motivéiert bass, hei matzeschaffen, da mell dech bei dengem Branchecommissaire bis spéitstens um Kongress.
Mir freeën eis dech um Kongress a Chefdag begréissen ze kënnen!