Open Call – Head of Contigent (HoC) fir den Moot 2025 a Portugal

Mir sichen een Head of Contingent (HOC) fir de World Scout Moot 2025 a Portugal.

Am Summer 2025 ass de World Scout Moot a Portugal fir RaRo iwwer 18 Joer. Beim Moot kommen dausenden vu Guiden a Scouten aus der ganzer Welt zesummen, fir zu Lissabon a Portugal een eenzegaartege Camp ze erliewen. Fir dësen aussergewéinleche Camp brauche mir nach een Head of Contingent, wou Leedung vum Contingent Management Team iwwerhëlt, fir dass mir als Scouting in Luxembourg kënnen op de Moot goen.

Datum
De Moot gëtt vu WOSM zesumme mam Gaaschtverband Federação Escotista de Portugal organiséiert. De Camp selwer ass vum 25 Juli – 3 August 2025 an der Géigend vu Lissabon.

Programm
De Programm besteet aus zwee Deeler, Aktivitéiten op der Campplatz selwer an aus sougenannten “Trails“ wou ee wärend 6 Deeg op engem Hike ënnerwee ass. Ganz änlech wéi beim Roverway. Wat de Moot ausmëscht sinn international Patrullen. Déi Lëtzebuergesch Participant ginn zesumme mam Contingent a Portugal, mee do gi si mat anere Participant aus der ganzer Welt a Patrulle vun 10 Leit gemëscht. Esou huet ee Méiglechkeet déi ganz Internationalitéit vum Camp ze erliewen.

Contingent Management Team
Den CMT ass een Team wat aus verschiddenen Leit besteet (mannst 3), déi d‘Organisatioun vum Contigent iwwerhuelen a koordinéieren. Sie sinn och Uspriechpartner fir Organisateuren. Den HoC leed dëst Team.
Fir kënnen HoC oder Member am CMT ze sinn, muss ee Volljäreg sinn. Den CMT soll och aus Leit aus den LGS a FNEL bestoen, esou dass déi zwee Verbänn vertruede sinn.

Aufgabe vum HoC

  • Koordinatioun a plange vum Lëtzebuerger Contingent
  • Zesummenaarbecht a Récksprooch mat den Organisateuren (WOSM a Portugal)
  • Zesummenaarbecht mam SIL a mat de jeeweilegen Internationale Commissairen (IC)
  • De Progrès vun der Planung mam SIL deelen, an déi eenzel Comitéë goen

Ufuerderungen

  • Wësse wéi een an engem Team schafft a bereet dozou si mat deenen eenzele Verbänn ze kommunizéieren
  • Gutt Englesch kënne schwätzen a verstoen. Portugisesch ass ee Plus, all aner Sprooch natierlech och.
  • Wann méiglech schonn Erfarung an engem CMT gesammelt oder am Verband (LGS oder FNEL).
  • International Erfarung duerch zum Beispill Participatioun op engem World Scout Jamboree, World Scout Moot, Roverway oder Änlechem.

Deng Méiglechkeeten

  • Als HoC trëfft ee Guiden a Scouten aus der ganze Welt a gesäit och wéi Guidissem a Scoutissem an anere Länner funktionéiert. Et schléisst ee Frëndschafte fiert Liewen.
  • Du kriss een Abléck dora wéi LGS a FNEl op Verbandsniveau funktionéieren
  • Als HoC stäerks du deng Fäegkeete fir an engem Team ze schaffen an awer och een Team ze leeden.
  • D’Erfarung déi een als HoC mécht erméiglecht dir och Kompetenze fir ausserhalb vun de Guiden a Scouten ze stäerken.
  • Duerch Organisatioun vum Lëtzebuergesche Contigent erméiglechs du enger neier Generatioun vu Guide a Scouten um Moot deelzehuelen an esou eng international Erfarung kënnen ze maachen.

Du bass elo interesséiert fir als HoC oder am CMT mat op de Moot ze goen? Dann zéck net a mell dech mat denger Bewerbung bei eis.

Schéck eis deng Bewerbung mat enger kuerzer Virstellung, deng Motivatioun wisou du wëlls mat op de Moot goen, an däi Scouts CV bis spéitstens den 31 Dezember 2023 op ic@lgs.lu

Falls du nach froen heizou hues, dann zéck net a schreif engem vun den IC op ic@lgs.lu

Méi Infoen zum Moot selwer fënns du och op: https://worldscoutmoot.pt/

 

Mir freeën eis op deng Bewerbung!

 

Mat beschte Guiden – a Scoutsgréiss,

Jennifer a Max
International Commisaires fir LGS