Mir brauchen dech!
Du bass tëschent 16 & 20 Joer jonk an hues Loscht d’Aktivitéiten an d’Zukunft vun den LGS aktiv matzegestalten, dann ass dat hei eppes fir dech.
Ganz am Sënn vum mot d’ordre „D‘Zukunft gehéiert eis“ wëlle mir eng Jugendekipp op d’Been setzen déi eis reegelméisseg Feedback zum Programm vum Verband gëtt.
Wat heescht dat genau?
-
- Eng Ekipp vu 5 Leit
- Min. ee Vertrieder an all Programmekipp, wou d’Branchecommissairen iwwert de nationale Programm decidéieren.
- D’Programmekipp sinn ca. all 6 Wochen an daueren 1h30-2h
- Kloere Feedback a Verbesserungsvirschléi zum Programm ginn.
- D’Méiglechkeet, de Projet Jugendekipp matzegestalten.
Hues du elo Loscht krut matzemaachen? Da mell dech bis de 24 Februar bei eis – a mir freeën eis drop de Projet Jugendekipp zesumme mat dir ëmzesetzen.
Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss
D‘Programmekipp