Taucht an eis magesch Mystaria-Welt an!
Samschdes, den 26. Juli hutt dir vun 11:00 bis 15:30 d’Méiglechkeet de groussen nationale Wëllefcherscamp Mystaria zu Stroossen, um Schoulcampus ze besichen.
Well d’Stroosse ronderëm de Camp deelweis gespaart sinn a keng Parkméiglechkeeten um Site sinn, hu mir tëscht 11:00 a 16:00 (leschten Départ vum Camp aus) eng Navette vum P&R Bouillon organiséiert. Alternativ kënnt dir vum Parking Stade profitéieren a vun do aus mam ëffentlechen Transport op de Camp kommen (Arrêt: Strassen Barbelé).
Fir Animatioun, Iessen a Gedrénks ass gesuergt.
Mir freeen eis op äre Besuch!
Bis e Samsden, lenks Patt
