EAS / Spiri fir kids – 8 Jugendlecher ginn en Engagement an

Am Kader vum EAS Projet “Spiri fir kids” hunn 8 Jugendlecher sech an enger kuerzer intensiver Zäit op d’Firmung virbereed. Schwéierpunkt vun den Treffe war de Verspriechenstext vun den LGS:

“Ech versprieche Verantwortung vis-à-vis vu mir selwer, menge Matmënschen a menger Ëmwelt  ze iwwerhuelen, a meng perséinlech Spiritualitéit weider ze entwéckelen.”

Héichpunkte vun der Virbereedung waren, e Weekend an der Abtei zu Orval, eng Nuetswanderung, an en Austausch mat Guiden/ Scouten, déi aus hire chrëschtleche Wuerzelen eraus, sech fir sozial Projeten engagéieren.

An enger ergräifender Feier goufen d’Catherine, d’Sophie, de Leo, de Felix, d’Laura, den Dan, d’Marie an d’Léonie de 17. Abrëll vum Här Erzbëschof Kardinol Jean-Claude Hollerich um Neihaischen am Keltenhaus gefirmt.