Projet Odyssee

De 14-Deeg laange Camp-Projet „Xaritoo 2026“ (lëtz.: Frëndschaft) am August zu Mboro vereenegt Scouten aus Lëtzebuerg a Scouten aus dem Senegal. Zesumme mat eiser Partnerorganisatioun JED (Jeunesse et Développement) an der ONGD „Guiden a Scouten fir eng Welt“ schaffen am Summer ronn 60 lëtzebuergesch a senegalesch Scouten un der Renovéierung an Neigestaltung vum CREPE (Centre de Ressources Éducationnelles et de Promotion des Enfants) – enger inklusiver Bildungsstruktur, déi Kanner a Jugendlecher eng besser Zukunftsperspektiv bidden soll.

Parallel dozou ginn kreativ a pedagogesch Vakanzenaktivitéiten (CREVAQ) am schoulfräie Zäitraum organiséiert, fir de Kanner aus de lokale Quartieren eng spannend a léierräich Zäit ze erméiglechen.

Am Mëttelpunkt vum Camp-Projet steet den interkulturellen Austausch: Scoutsaktivitéiten, gemeinsaamt Liewen a Léiere suerge fir eng staark Gruppendynamik an ënnerstëtzen de perséinleche Wuesstem vun all Participant. Doduerch ginn Verantwortung, Teamgeescht a global Gerechtegkeetsfroen net nëmme thematiséiert, mee och aktiv erlieft.

Fir dëse Projet optimal virzebereeden an eng enk Zesummenaarbecht mat eise Partner am Senegal ze garantéieren, war et essentiell, och sur place aktiv ze sinn. Dank der wäertvoller Reesënnerstëtzung vu Luxair konnt am Februar schonn eng Odyssee-Versammlung zu Mboro stattfannen, zesumme mat der ONGD.

Zousätzlech huet d’Ënnerstëtzung vu Luxair et am Mäerz erméiglecht, datt dräi Staffmemberen op Mboro reese konnten, fir d’Kanner an eis senegalesch Scoutskollegen perséinlech kennenzeléieren an de Camp souwéi de Chantier konkret auszeschaffen. Dës Rees huet net nëmme gehollef, d’Preparatiounen ze konkretiséieren, mee och d’Basis fir eng staark a nohalteg Partnerschaft geluecht.