19
2025
Jun

4. Nohaltegkeetsdag

4. Nohaltegkeetsdag

D’Aarbeschtsgrupp Nohaltegkeet invitéiert op den Nohaltegkeetsdag 2025.

Zesumme gi mir eis d’ Äerdschëff zu Réiden ukucken.

D‘Äerdschëff ass gebaut mat récupéréierte Baumaterialien a besteet aus Elementer, déi der Logik vun enger zirkulärer Ekonomie a Permakultur follegen. Wärend enger Visite guidée gi mir méi iwwert dësen intressante Projet an d’Sujeten honderëm gewuer.

Wéini?

19.06.2025 17h00-18h30 (uschléissend ka jiddereen, dee wëll, op eege Käschte mat iesse goen)

Wou?

Äerdschëff asbl 1, rue du Lycée L-8508 Redange/Attert

Ween?

RaRo, Albatross, Chef, Memberen an Eltere vu Membere. Also jiddereen ab 17 Joer.

Präis?

5€

Umellung?

Bis den 08.06.2025

(mee opgepasst, d’Plaze si begrenzt an déi éischt si vir)

Formulaire op chefbox.lgs.lu