23
2025
May

Péngscht-Camp Native Village

Neihaischen Keltenhaus

20 Joer Feier Keltenhaus

23.–27.05.2025 Péngscht Camp Native Village fir RaRo a Cheffen

Mir bidden eise RaRo a Cheffen d’Méiglechkeet, e flotten a spannenden Out-Door-Camp am Kader vum 20. Anniversaire vum Keltenhaus ze erliewen.

Hei kënnt dir un interessante Workshoppen deelhuelen, selwer äre Programm zesummestellen a jee no Loscht eenzel Deeg oder de ganze Camp matmaachen.

Wat erwaart iech?

  • Schlofen am Zelt
  • Kachen dobaussen um Feier
  • Lagerfeier am Keltenhaus
  • Highlight: Gebuertsdagsfeier mat Live-Concert
  • Workshoppen & Aktivitéiten

Dir kënnt eenzel Deeg oder iwwert de ganze Camp Workshoppen eraussichen an esou äre Programm individuell gestalten .

Liest d’Beschreiwunge gutt duerch ier dir iech aschreift. Verschidde Workshoppen hunn eng limitéiert Unzuel u Participanten.

Umeldung

Formulaire op nativevillage.lgs.lu