29
2025
Mar

MeetUp Formatioun “ Basis-Formatioun Motorsee um Neihaischen”

Neihaischen

Beschreiwung:

Bei dëser Formatioun kritt een een Abléck a verschidde Punkten, déi beim Schaffe mat enger Motorsee elementar sinn, wéi z.B. Gefore beim Schaffe mat der Motorsee, heefeg Feeler, eventuell rechtlech Suiten, technesch Detailer vun enger Motorsee, Schutzkleedung a Sécherheet.

Wichteg Informatiounen:

Jidderee muss eng Motorsee a eng komplett Schutzkleedung matbréngen:

– Helm mat Visière oder Schutzbrëll a Gehéierschutz

– Schnëttschutzbox

– Sécherheet-Schong, wa méiglech mat Schnëttschutz

– Eventuell perséinlechen Éischt-Hëllef-Kit

Zousätzlech Informatiounen:

– Et kenne maximal 10 Persounen un där Formatioun deelhuelen.

– Fir dës Formatioun muss een e Mindestalter vun 18 Joer hunn.

– Formateur: Georges D’Orazio (Fierschter ANF)

Umeldung:

Formatioun