D’ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt preparéiert aktuell den Transport vun engem Container an de Senegal. Dëst Material hëlleft konkret, d’Scoutsaktivitéiten am Senegal z’ënnerstëtzen an déi lokal Strukturen ze stäerken.
Mir sichen:
- Patrullenzelter oder grouss Zelter fir Gruppen.
- Méi kleng Zelter, déi net méi gebraucht ginn, awer nach an engem gudden Zoustand a weider benotzbar sinn.
Wann dir esou Zelter hutt, zéckt net eis ze kontaktéieren: Email: contact@ongd-lgs.lu
Mir soen Iech am Viraus villmools Merci fir Är Solidaritéit an Ären Engagement.
D’Ekipp vun der ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt


