Den 11. Januar hunn d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten hiren traditionellen Neijoerschpatt ofgehalen. A Präsenz vu der Familljeministesch Corinne Cahen, dem Educatiouns- a “Scoutsminister” Claude Meisch, dem Deputéierten a Scoutsparlamentarier Claude Wiseler, der Europadeputéierte Viviane Reding an der Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg Isabel Wiseler, hunn d’LGS e positive Bilan vum Joer 2017, mam Highlight, dem Go Urban Camp 2017, gezunn.
Des Weideren ass awer och no vir gekuckt ginn an d’Motivatioun ass grouss och 2018 eng sëlleche Projete wéi z.B de RAP weider ze dréiwen. Am Kader vum Neijoerschpatt ass och de Sponsoringsvertrag mat der LALUX Assurances verlängert ginn. Merci der LaLux an och eise laangjärege Sponsoren, der Banque Internationale à Luxembourg – BIL a Sales-Lentz.
[flickr_set id=”72157664606063138″]