Wéi der alleguerte wësst, huet d’Regierung d’Moossname géint d’Pandemie vum Covid-19 nach eng Kéier verschäerft.
D’Guiden- a Scoutsaktivitéite bleiwen awer trotzdeem weiderhin erlaabt an och erwënscht. Mä och mir mussen eis un déi nei Reegelen upassen, och wa se wärend den Aktivitéite vun de Jugendoprganisatiounen deelweis net gëllen.
An der neister (véierter) Versioun vun de „Spezifesche Reegelen a Rotschléi fir Guiden- a Scoutsaktivitéiten am Kontext vun der Covid-19 Pandemie“ fannt dir all d’Detailer zu den neien Instruktiounen, déi mir vun der Santé an dem Educatiouns- a Jugendministère kruten :
Hei nach eng Kéier kuerz déi wichtegst aktuell Moossname bei Guiden- a Scoutsaktivitéiten :
– maximal 30 Leit (Jonker a Chefs)
– d’Aktivitéite sinn dobaussen
– jiddereen deet wärend der ganzer Aktivitéit eng Mask un
– Iwwernuechtunge sinn nëmmen ënner bestëmmte Konditiounen erlaabt (cf. Punkt 9 am Dokument)
Mir wënschen iech alleguer weiderhi vill Courage, Kreativitéit a Spaass bei ären Aktivitéite mat de Kanner a Jonken,
de Verbandscomité