Scouts Welcome Refugees

Vill LGS a FNEL Gruppen hu sech an de leschte Méint fir d’Saach vu Mënschen op der Flucht engagéiert, oder hu wëlles dëst an Zukunft ze maachen.

De Moment sinn eng 1100 Kanner a Jugendlecher am Alter tëschent 7 a 25 Joer an de verschiddene Flüchtlingsheemer zu Lëtzebuerg ënnerbruecht. Mir sinn der Meenung datt de Scoutismus eng flott an efficace Methode ass fir dës Jonker zu Lëtzebuerg ze integréieren.

Déi 2 Verbänn hunn zesumme mam OLAI (Office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration) schon op 2 Formatiouns/Austausch Owender invitéiert. Als weider gemeinsam Aktioun steet nach fir de 17. September 2016 eng Journée nationale um Programm déi och an Zesummenaarbecht mam OLAI organiséiert gëtt. Dësen Dag ass geduecht datt d’Kanner, déi Jugendlech, an natirlech hir Elteren aus de verschidden Foyeren uechtert d’Land de Scoutismus an de lokale Grupp an hirer Géigend kenneléieren. (De 17.9. as als offiziellen Dag geduecht, wann dir eng Porte-Ouverte, e Fest,… am Laf vum September op engem aneren Dag geplangt hut kënn der ierch trotzdem gären un dëss Aktioun drunhänken a sou vun der méiglecher finanzieller Ënnerstetzung, der Ëffentlechkeetsarbecht,… profitéieren)

Wann dir och als Gruppe oder Branche wëllt ennert iergend enger Form bei der Journée Nationale matmaachen da soot w.e.g. dem Cathy (cathy.kirsch@lgs.lu) bis den 10.8. Bescheed fir

  • weini (Datum a wann méiglech och eng ongeféier Auerzait) dir
  • wat fir eng Aktivitéit geplangt hutt.

 

Dir kënnt och e Budget matufroen fir dëss Aktivitéit am Fall wou der extraordinaire Käschten hätt.