22
2022
Jan

CaraPio Nuetsfunkraid 22

Bilschdrëf

De Funkraid ass ee flotte Rallye mat Funkapparat, Kaart a Kompass fir CaraPio Truppen. Maach mat!

CaraPio Nuetsfunkraid

Wat ass dat ?

Een Hike mat Funk fir all CaraPio Truppen. Um Programm steet:

  • Crashcours an der Orientatioun (Kart a Kompass).
  • Crashcours an der Funk-Kommunikatioun.
  • Orientéirungslaaf bei all Wieder duerch d’Land.
  • Gruppenchallenge an klengen Ekippen.
  • Een Erliefnis wat sécher hänken bleift!

Dëst ass eng National Aktivitéit an ass domat besonnesch intressant fir Truppe mat wéineg Chef oder Chef déi nach keng gülteg Ernennungen hunn.

Wéini / Wou ?

Samschdes den 22. Januar 2022 zu Bilschdrëf
Sonndes den 23. Januar 2022 um Bilschdrëf

Start: Mëttes ab 14:00 Auer,
Schluss: Mëttes bis 12:00 Auer.

Präis an Umeldung?

Andeems all Trupp sech iwwert den Online Formulaire umellt:

  • Online Umeldung (Chefbox > Desk > Ekippen / AGen > CaraPio > Umeldung Nuetsfunkraid)

an och d’Participatioun vu 35,00 € pro Persoun op de Konto vun de CaraPio iwwerweist:

  • Kontosnummer: BILL LU38 0026 1827 9868 5600
  • Vermierk: Funkraid 22, <Trupp>, <Unzuel CaraPio>, <Unzuel Chef>
  • Just eng Iwwerweisung pro Trupp w.e.g.

D’Plaze si begrenzt, ma déi éischt si vir. 🙂

Umeldeschluss ass den 8. Januar 2022!

Leider si keng Plaze méi fräi 🙂

Détailer?

Detailer zum genee Oflaf an wat een sou soll/muss matbréngen kréien déi ugemellten Truppen nach enker per E-Mail Ufank Januar geschéckt. Wann Ännerungen zu de Regelen bezüglech Corona sinn, dann gi mir eech selbstverständlech bescheed.

Formatioun?

Dëse Nuetsraid gëtt fir Cheffen als Recyclage (2 Paddel) unerkannt.

Wichteg: D’Chef ginn och mat!

Mathuelen?

  • Mask / Impfpass oder zertifizéierten Test (och aus der Schoul)
  • Topo-Kart 1:20.000 R2 (Stauséi)
  • Kompass + Réimer
  • Blat + Bic
  • Bidon
  • Gezei fir bei all Wieder
  • Gamelle a Besteck
  • Schlofsak, Carry Mat, Zännbischt

Froen?     

Zéck net a mell dech bei eis: carapio@lgs.lu

Mir freeën eis op dech,

d’CaraPio Ekipp