08
2022
Jan

NuetsFunkRaid

Ierpeldeng

MasterEdition

Cooperatioun LGS / SNJ
(Recyclage)
08/09 Januar 2022

Wat ass dat?

• Crashcours an Orientatioun (Kaart a Kompass)
• Crashcours a Funk-Kommunikatioun
• Orientatiounslaf an Equippen vun owes bis moies mat Funkguidage
• Gruppenchallenge an Equippe vu 4 Leit
• En Erliefnis wat hänke bleift

Wou: Meetingpoint ass zu Ierpeldeng bei Ettelbréck, „Spillwiss“ ass d’Eisléck
Wéini: vum 08. op 09. Januar 2022
Timing: Ufank zu Ierpeldeng : Samschdes, de 08. Januar 15.00 Auer
Schluss zu Ierpeldeng: Sonndes, de 09. Januar 12.00 Auer
Fir ween: all Chef, Albatrossen, Raro, a Carapio vu 16 (14) Joer un
Präiss: 35 €
Numerus Clausus: am ganze 48 Leit
Umellen: bis den 27. Dezember 2021 per Mail un nuetsraid@lgs.lu
Onbedengt uginn: Numm, Matricule, Adress, Telefonsnummer,
Email-Adress, Grupp, Branche, Chef Jo/Nee

Bei Truppenumelldung: w.e.g. eng eenzeg Lëscht mat dësen Donneeën eraginn.

Weider Detailer: komme no der Umelldung no.
Formatioun: Dëse Nuetsraid gëtt fir Cheffen als Recyclagemodull ( 2 Paddel) unerkannt

An dann nach:

– de Nuetsraid ass bei all Wierder
– dëse Nuetsraid gëtt COVIDgerecht organisiéiert, et kann also villes
aanescht si wéi soss déi Joeren.

Georges Faber (Fabi)
georges.faber@lgs.lu

LGS Flyer Nuetsraid 2022