Léif Frënn a Membere vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten,
Mir mussen Iech leider matdeelen, datt mir duerch déi rezent Entwécklung vum Coronavirus eise Neijoerschpatt, de 7. Januar 2022, annuléieren.
Mir setzen alles drun, fir de Kanner a Jugendlechen, weider flott an ofwiesslungsräich Aktivitéiten an dëser schwiereger Zäit kënnen unzebidden. Dëst ass elo eis Prioritéit.
Mir wënschen Iech e schéint neit Joer, mat vill Freed a gudder Gesondheet.
Bescht Guiden- a Scoutsgréiss
Marc Weis & Angélique Krier
Team